maison

Neuigkeiten

Garage

reparéieren aplaz ewechgeheien

Ären Auto brauch eng Reparatur, Feelerdiagnos, Sandweilerkontroll oder soss eng Serviceleeschtung? Da gitt ären Autosschlëssel vertrauensvoll an d’Hänn vun der Garage Lang. Mat méi wéi 13 Joer Erfarung an der Automobilbranche hu mir deen néidegen Know-How fir déi perfekt Reparatur vun ärem Auto- aus Léift zum Auto.
Kompetent Auto-Reparaturen a Revisiounen
D’Garage Lang ass är professionnell Full-Service-Garage. Eist Team , dat aus vun eis selwer ausgebillten Auto-Mécanicienë besteet, suergt zu all Moment dofir, datt ären Auto dee richtege Service kritt. Egal ob d’Bremse quietschen, eng Motorkontrollluucht ugeet oder en Auspuff Kaméidi mécht, mir hëllefen iech fir sécher an ouni Suergen op der Iwwerhuelspur ze fueren. Ob Auto, Camionette oder all aner Gefier – eisen Déngschtleeschtungen am Beräich vun de Revisioune si keng Grenze gesat.
Fachmännesch Feelerdiagnos
Eis Clientë genéissen et, vun enger Equipe aus erfuerenen Autos-Mécanicienen betreit ze ginn, déi Iech mat hirem ëmfaassenden Autoswëssen souwéi och enger perséinlecher Betreiung iwwerzeegen. Mat Hëllef vun eisen dynameschen Diagnosesystemer souwéi der aktueller Technik vun der Garage ass et fir eis einfach , de Grënn vun de mechaneschen oder elektresche Problemer vun ärem Auto op d ’ Spur ze kommen . Profitéiert vun eiser fachmännescher Expertise , déi eis erméiglecht och Falschmeldungen oder elektronesch Feeler ze fannen. Déi kënnen direkt vun eis behuewe ginn.

Lackéierung

Faarf bekennen

Wéini hutt Dir déi leschte Kéier enzweete Bléck op ären Auto gehäit oder sidd mam Fanger iwwer de Capot gefuer ? Et gëtt Zäit iech nei an ären Auto ze verléiwen ! Gitt ärem Auto , deen an d ’ Joere komm ass oder beschiedegt ginn ass , en neie Glanz.
Eng professionell Lack – Reparatur kann ären Auto aus der Mass erausstieche loossen . Mir vun der Garage Lang reparéieren ären Auto no engem Accident oder mir frëschen den ale Lack erëm op .Zesumme mat eisem Team vu verséierten Lackéier – Profien si mir prett fir är individuell Wënsch un eng héichwäerteg Autoslackéierung ze erfëllen .Eise Carrosserie – a Lackéieratelier kann eng Abberzuel vu Lackaarbechten realiséieren –vu klenge Schréipsen a Kraatzeren bis hin zur kompletterAutoslackéierung . An och allem wat do dertëscht läit .
  • Schréipsen um Parechoc
  • Ewechmaache vu klengen a grousse Faarfpartikelen
  • komplett Karrosserielackéierung
  • kleng Lackreparaturen
Dir braucht eng Lackausbesserung? Kee Problem! Eis fachmännesch Ausféierung passt sech faarflech perfekt un déi bestoend Lackéierung vun ärem Auto un a léisen all aner Onstëmmegkeeten.Och Rëss am Lack kënnen ouni Problem duerch eis zouverlässeg Lackéierei ausgebessert ginn. Eise Service ass doriwwer eraus op eng komplett Karrosserielackéierung no engem Accident spezialiséiert. Mir offréieren verschidde Variante vun Lackéierungen – vun enger kompletter Karrosserie_Restauréierung bis zur séierer Lackopfrëschung vun ärer aler Autolackéierung. D’Autolack_Spezialisten vun der Garage Lang stinn souwuel bei äre Reparaturen wéi och bei äre ganz perséinlechen Autolack-Wënsch mat Rot an Dot un ärer Säit. Eis laangjäreg Erfarung an eis Zertifizéierung ginn iech d’Gewëssheet , déi richteg Autolackéierung gewielt ze hunn.

Eist Team

dat si mir!

E professionellt an dynamescht Team aus Auto-Mechatroniker a Clients-Betreier:
Martine Wilmes
Martine Wilmes
Verwaltung - Kundenbetreuung
Denis Steinmetz
Denis Steinmetz
KFZ-Mechatroniker - stellv. Werkstattleitung
Noah Kramp
Noah Kramp
KFZ-Mechatroniker
Tobias Müller
Tobias Müller
KFZ-Mechatroniker
Andreas Hecker
Andreas Hecker
Karosseriebauer
Denis Nade
Denis Nade
KFZ Lackierer
Tim Geib
Tim Geib
KFZ-Mechatroniker
Christoph Lang
Christoph Lang
Geschäftsführer - Werkstattleitung
Tom Lang
Tom Lang
Geschäftsführer

Kontakt

Nach Froen?

schreift eis